Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 14 Resultater
  1. No der DDoS (Distributed Denial of Service) Cyber-Attack, duerch déi verschidde Lëtzebuerger Internetsitten inaccessibel sollte gemaach ginn, koum am Laf vum Nomëtten eng Cellule de crise ënnert der Leedung vun der Ministesch fir Digitaliséierung, Stéphanie Obertin, zesummen.

  2. Säit de Moien, den 21. Mäerz 2024, gouf et eng Cyberattack op verschidde staatlech Internetsitten. Dobäi handelt et sech ëm eng DDOS-Attack. Eng DDOS-Attack besteet doranner déi informatesch Ressource vum viséierten Affer ze iwwerlaaschten.

  3. Opgrond vun den aktuelle Wiederprevisiounen, ass et méiglech, dass d'Alarmstuf Rout am Laf vum Dag iwwerschratt wäert ginn. Dofir koum e Krisestab "Onwieder" haut de Moien um 09:00 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding zesummen.

  4. Salariéen, déi hir éischt Impfdosis kruten, kënne sech ab dem 14. Januar 2022 gratis teste loossen, bis se hir 2. Impfdosis kréien. An dësem Kontext kréien déi betraffe Persounen zanter dem Donneschdeg, 16. Dezember 2021, bei hirem éischten Impf-Rendez-vous eng Serie vun 20 Coden.

  5. Op Nofro vu Lëtzebuerg fir eng Opnamstruktur fir Patienten niewent dem Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) z'installéieren, huet d'NSPA (NATO Support and Procurement Agency), e Service vun der NATO deen zu Capellen etabléiert ass, séier reagéiert, andeems si Personal an Ausrüstung sur place zur Verfügung gestallt huet.

  6. Déi traditionell "Hellegowend" Feier vun der Arméi huet a Presenz vum Verdeedegungsminister François Bausch an dem Delegéierte Minister fir Verdeedegung Henri Kox, souwéi zuelräich Membere vun der Arméi, Zaldoten a Zivilpersounen am Militärzentrum zu Dikrech stattfonnt.

  7. De Samschdeg, 12. Januar 2019, wäerten d’Sécherheets- an d‘Rettungsdéngschter un engem nationalen Anti-Terror-Exercice um Site Belval deelhuelen.

  8. Den Nationale Commemoratiounsdag honoréiert d'Solidaritéit an de Courage vum Lëtzebuerger Vollek wärend der Occupatioun vun 1940 bis 1945. Aus dësem Ulass waren etlech Zeremonien de 7. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg virgesinn.