Jean-Marie Halsdorf au sujet du débat concernant la tarification de l'eau et des défis pour l'Armée luxembourgeoise

Roy Grotz: Här Halsdorf, wéi wëllt Dir d'Gemengen dann elo mat an d'Boot kréie fir zu engem Waasserpräis ze kommen dee käschtendeckend ass?

Jean-Marie Halsdorf: Mir hu gëschter Owend e Communiqué erausgi wou mir den Débat wëlle lancéieren, deen eise Staatsminister am Mee am État de la Nation annoncéiert hat. E sot deemools, wéi en de Waasserpräis ugeschwat huet, mir sollten e groussen Débat maachen iwwer d'Aféiere vun engem gemeinsame Waasserpräis.

Nun, deen Exercice wëlle mir elo maachen. Dofir hu mir en Dokument ausgeschafft. [ondäitlech] zesumme mat der Verwaltung, dat am Fong geholl den État des lieux mécht vun der Situatioun a beschreift.

Nodeem mir 4 Joer elo d'Gesetz hunn, hu mir effektiv objektiv Elementer do fir e Bilan ze maachen. Mir hunn déi noutwenneg Experienzen. Dat war 2008, wéi mir d'Gesetz gemaach hunn, net méiglech, well deemools hate mir keng konkret Evaluatioun vum Secteur, konnten also net évaluéiere wat dat Gesetz géif bréngen. Haut gesi mir dat. An deen Exercice wëlle mir elo maachen.

Dat Dokument, dat schécke mir un déi politesch Parteien, un déi betraffen Acteuren, och un déi verschidden Acteuren déi am Fong geholl schrëftlech dozou Stellung geholl hunn. Dat geet alles haut eraus. An da kucke mir déi Diskussioun ze féieren.

Dat Dokument kritt een och iwwer de Site www.waasser.lu, esou datt dann déi Leit déi dann nach vläicht net ugeschriwwe gi sinn, déi kënnen dann och en Avis maachen. Ech hätt gär wierklech eng breet Diskussioun doriwwer. An déi schrëftlech Äntwerten, déi hätt ech gär bis den 28. Februar d'nächst Joer spéitstens.

An da géif ech gär e Bilan maache wou mir dann déi Avisen duerchkucken. An zwar géif ech dat, ech hunn dat alles scho festgeluecht, den Timing, dat wollt ech den 11. Mäerz 2013 maachen, eng Aart Journée de l'eau, wou mir da Conclusiounen zéien an da kucke wéi dat dann domat ass.

An deem Dokument sinn, wéi ech gesot hunn, déi verschidden Aspekter vum Waasserpräis. Och de soziale Waasserpräis gëtt ugeschwat, och d’Tariffer déi mir de Moment hu fir d'Baueren a fir d'Industrie a fir Haushalter. Do gëtt et jo och Iwwerleeunge fir nach aner Leit mat eran ze zéien. Déi ganz Problemer ginn all undiskutéiert.

An dann hoffen ech, datt mir en objektiven Débat kréien, iwwer eng nohalteg Gestioun vum Waasser hei zu Lëtzebuerg. An da wäerte mir kucken wat do dobäi eraus kënnt.

Roy Grotz: Mä e Prix unique, Här Halsdorf, géif mat sech bréngen, datt d'Waasseralimentatioun géif verstaatlecht ginn. Dat ass jo net méiglech?

Jean-Marie Halsdorf: Neen. Justement net. Fir sou e Prix unique ze maachen, gëtt et verschidde Weeër fir dohinner ze kommen. Déi ginn och an deem Dokument beschriwwen, wéi eng Approchen do méiglech sinn. An da muss ee kucke wéi déi eenzel Acteuren dat gesinn.

Ech perséinlech muss soen, mir sinn net esou grouss hei zu Lëtzebuerg. Et misst jo méiglech sinn à terme esou e Prix unique de l'eau ze kréien. Mä dat soll een diskutéiere wéi een dat mécht, an dat ass dat wat mir hei wëlle probéieren.

Roy Grotz: Äre Modell, ass dat nach ëmmer esou, datt deen tëscht 3,35€ a 7€ variéiert an do wier da souzesoen eng Deckelung vum Präis, bei de 7€?

Jean-Marie Halsdorf: Dat ass richteg. Do gi verschidde Käschten, déi am Fong geholl ufalen, déi gi verrechent, déi hëlt d'Gemeng op hir Kap. Well et ass jo esou, datt déi Direktiv déi mir ëmgesat hu mam Gesetz vun 2008, datt déi seet, de Pollueur-Payeur, dat heescht deen dee verknascht, dee muss bezuelen, an den Utilisateur-Payeur, dat heescht deen deen d’Waasser benotzt, dee muss dat och bezuelen. Dat si strikt Regelen an déi muss een ëmsetzen, well eben déi Direktiv gär hätt, datt mir käschtendeckend Waasser verrechnen. An do komme mir net dolaanscht.

An dofir musse mir deen Exercice do maachen, an da gesi mir jo dann wou mir den Hiewel usetzen. Ob mir op där Schinn weider fuere wéi et elo ass, dat heescht, mat engem harmoniséierte Waasserpräis esou gutt wéi méiglech. Oder ob mir an d'Richtung ginn effektiv, datt mir eng national Solidaritéit spille loossen, an da muss ee kucke wéi een dat mécht.

Wéi ech gesot hunn, hu mir verschidde Modeller déi een do kann uwennen. Dat ka wéi gesot eng Verstaatlechung sinn, dat kann och eng Mutualiséierung sinn, zum Beispill déi eenzel Gemenge géife sech alleguer an enger Organisatioun zesumme setzen an déi géifen dat dann an enger Aart Forum maachen an déi sollen do ëmverdeelen. Dat wär och méiglech. Et gëtt vill Beispiller wéi een dat ka maachen.

Roy Grotz: Dir sidd net nëmmen Inneminister, mä och dee vun der Défense. Här Halsdorf, ech profitéiere vun der Geleeënheet, de Mëtteg ass Chrëschtveillée um Härebierg. Mir erënneren eis zréck un d'lescht Joer, do hat Dir dach eng relativ muscléiert Ried gehalen. Wat ass dann de Message dëst Joer un eis Zaldoten?

Jean-Marie Halsdorf: Dëst Joer maache mir de Bilan ebe justement vum leschte Joer, wou mir musse feststellen, datt mir um richtege Wee sinn. Mir kréie jo en neie Chef d'État major Enn Januar.

An d'Vorlage si ganz kloer. Mir wëllen eis Arméi weider an d'21. Joerhonnert eraféieren, mat als Haaptpunkt Missiounen déi se am Ausland maachen. A mir wëllen déi Aufgaben déi den Här Fischbach a sengem Rapport do opféiert, also déi Punkten déi en do opféiert, eben ëmsetzen. Dat soll dee Message de Mëtte sinn, datt mir dat zesumme solle maachen am Intérêt vun enger Arméi déi no baussen e Bild gëtt vun enger Verwaltung déi wierklech dat Bescht wëll maachen, als Arméi an och fir eist Land.

Roy Grotz: A Boxemännercher goufen et och dëst Joer.

Jean-Marie Halsdorf: Där goufen et och. Jo.

Roy Grotz: Voilà, ech soen Iech Merci fir d'Gespréich, Här Halsdorf. An nach e ganz schéinen Dag.

Jean-Marie Halsdorf: Merci. Iech och.

Dernière mise à jour