Le ministre de la Défense Jean-Louis Schiltz au sujet de la réforme des forces armées

Frank Kuffer: De Verdeedegungsminister Jean-Louis Schiltz ass dann och elo live bei eis am Studio. Gudde Moien, Här Schiltz.

Jean-Louis Schiltz: Gudde Moien.

Frank Kuffer: Firwat geet et elo awer net an Directioun vun enger richteger Beruffsarméi? Wier dat net méi professionell gewiescht?

Jean-Louis Schiltz: Ech hat mir zwee Objektiver gesat am Kader vun där Reorganisatioun. Dat éischt dat ass, datt et néideg ass fir d’lëtzebuerger Arméi fir Planungssécherheet ze kréien, a Moyenen à long terme fir eisen internationale Verflichtunge kënnen nozekommen. An zweetens louch et mir um Häerz a läit mir weider um Häerz fir d’Formatiounsméiglechkeete vun deene jonken Zaldoten ze verbesseren, datt si besser Méiglechkeete kréie fir Plaze beim Staat an am Privatsecteur ze fannen. Et ass drëm gaangen, fir déi zwee Objektiver zesumme bréngen, an d’Resultat ass dat, wat elo hei virläit no deene Concertatiounsronnen, wou mir de Volontariat nei moduléieren, a wou och eng Schoulperiod fir déi jonk Volontairë vun 12 Méint erëm obligatoresch gëtt.

Frank Kuffer: Et ass jo elo esou, mir hunn et héieren, datt eng Sélectioun gemaach gëtt, wien dierf an déi Unité de disponibilité opérationnelle, déi Leit mussen awer net goen. Sitt Dir Iech ganz sécher, datt genuch Leit sech fir esou Auslandsmissiounen zur Verfügung stellen, an datt de Schoss net no hanne lass geet, dat heescht, datt mir herno manner Leit wéi elo zur Verfügung hunn, fir esou Missiounen?

Jean-Louis Schiltz: Et ass de Moment jo esou, datt mir eis Missioune kënnen erfëllen ouni datt mir déi Planungssécherheet hunn sur le long et le moyen terme. Wat mir elo gemaach hunn, dat ass mir hunn d’Décisioun eigentlech zaitversat andeem mir déi Unitéiten no deenen éischte Méint, wou d’Jongen an d’Meedercher an der Arméi sinn an hir Basisformatioun kréien, huelen, dat heescht, et ass dee Moment wou décidéiert gëtt ob si oder ob si net an déi Unitéite ginn. Si ginn och doduerch besser preparéiert. Ech ginn dovun aus, an dat ass och esou, datt all déi Jongen a Meedercher déi an d’Arméi ginn jo och e Bezuch zur Arméi hunn. A wat mir jo och maachen, dat ass den Asaz valoriséieren, well dat Ganzt huet jo och e finanziellen Ureiz. Dat alleng mécht et net aus, mä dat an de Bezuch deen déi Leit zu der Arméi hunn, mécht et a mengen Aen aus, an den Ae vum Chef d’État-Major, an den Ae vum Chef vum Bierg, an d’Offizéiesch- an d’Ënneroffizéiesch-gewerkschafte sinn där nämmlechter Iwwerzeegung.

Frank Kuffer: Gëtt et dann do vill méi an der Pei fir déi, déi elo do mat op esou Missioune ginn?

Jean-Louis Schiltz: Ech kann Iech haut nach keng Zuele nennen, Här Kuffer.

Frank Kuffer: D’Lëtzebuerger ginn net op Auslandsmissiounen, d’Auslänner an der lëtzebuerger Arméi maachen dat, dat ass d’Angscht vum Grénge François Bausch. Kréie mir elo eng Zort Friemelegioun um Bierg?

Jean-Louis Schiltz: Mir hu jo viru Joeren décidéiert d’lëtzebuerger Arméi fir net lëtzebuerger EU-Bierger opzemaachen. Dat huet och eppes mat Integratioun ze dinn. Dat heescht, ech wiere mech eigentlech dogéint fir do Lëtzebuerger an net-Lëtzebuerger géinteneen opzestellen, wann Dir esou wëllt. Ëmsou méi d’Zuelen dat net beleeë wat den Här Bausch fäert, well mir nämlech, wa mir d’Zuele kucken, wien an den Asaz geet a wien net an den Asaz geet, da sinn et 15% net Lëtzebuerger, a global an der Arméi hu mir 13% net Lëtzebuerger, dat hält sech also am Équiliber. Meng Iwwerzeegung ass, datt d’Lëtzebuerger net esou sinn, datt si sech drécken, déi déi an d’Arméi ginn.

Frank Kuffer: Den Härebierg hat jo laang Zäit de Cliché, datt net all, mä gréisstendeels och Leit dohinner ginn, déi et vläicht méi schwéier hu et soss iergendwou ze packen. Ass dat elo net méi esou?

Jean-Louis Schiltz: De Punkt ass deen, dat ass datt mir Planungssécherheet wëllen hu fir eis international Missiounen, mä datt ech och Formatiounsméiglechkeete wëll verbesseren. Et ass dat, wat ech ëmmer nennen, déi sozial Fonctioun vun der Arméi am wäite Sënn vum Wuert. Et ass mir en Uleies fir datt jiddwereen deen seng Zäit an der Arméi fäerdeg huet, besser forméiert aus der Arméi erausgeet wéi en erakënnt, dat heescht mir wëllen do méi Méiglechkeeten opmaachen. Ech sinn am gaange mech do mat der Éducatiounsministesch ze beroden. Ech kéint mir zum Beispill virstellen, datt mir op de Wee géife goe fir eng Formatioun vum Logistiker unzebidden um Härebierg, wat jo eppes ass, wat haut an der Économie gefrot ass. An deem Sënn géif d’Arméi och op d’Économie zouschaffen, an zu gläicher Zäit wéi gesot, an dat ass den Haaptobjektiv, deene Jonken nei Méiglechkeeten opmaachen.

Frank Kuffer: Dat heescht, et stëmmt schonn datt d’Leit virdrun net terribel forméiert waren an der Arméi?

Jean-Louis Schiltz: Dat wëll ech net soen. Et si grouss Efforte gemaach ginn an deene läschte Joeren am Kader vun der Schoul, vun der Arméi, mä et ass mir drëm gaange wéi gesot, fir op deenen zwee Punkten, Planungssécherheet a Formatioun den Hiewel unzesetzen, fir op deenen zwee Punkten et besser ze maachen, a fir och nieft deene Méiglechkeeten déi si schonn elo hunn, nei a méi Méiglechkeeten opzemaachen.

Frank Kuffer: Jean-Louis Schiltz, villmools Merci fir dës Erklärungen zu der Reform vun der Arméi.

Jean-Louis Schiltz: Merci och.

Dernière mise à jour