Jean-Louis Schiltz, Discours à l'occasion de la remise de la fonction de chef d'état-major de l'armée au colonel Gaston Reinig, Luxembourg

Monsieur le maréchal de la Cour, Monsieur le président de la Chambre des députés, Mesdames, Messieurs les députés, Monsieur le président du Conseil d’État, chers collègues ministres, Monsieur le bourgmestre de la Ville de Luxembourg, Excellence, chers invités venus de l’étranger, Dir Dammen an Hären Offiziéier, Ënneroffizéier, Kaperäl, Zaldoten an Zivilpersonal vun der Lëtzebuerger Arméi, Dir Dammen an Häre Vertrieder vun den zivilen a militäreschen Autoritéiten, léif Volontairen, léif Familljen,

Permettez-moi tout d’abord de vous souhaiter à tous une cordiale bienvenue ici aujourd’hui à cette fête de l’armée. Fête de l‘armée à plusieurs égards puisque nous fêtons aujourd’hui la réforme de l‘armée. Réforme de l’armée qui a passé le cap décisif à la Chambre des députés au mois de décembre de l’année dernière et qui est entrée en vigueur le 1er janvier de cette année. Une réforme importante, une réforme qui permet à l’armée de remplir ses missions, non pas celles qui l’attendent après-demain et dans les années à venir, mais celles qui l’attendent aujourd’hui, demain, cette année, l’année prochaine et les deux, trois années à venir. Fête de l’armée également, puisque nous procédons à une double remise de commandement. Fête de l’armée enfin, puisque nous avons, et c’était un souhait de ma part, combiné cette remise de commandement avec la promesse solennelle des nouvelles recrues, la 153e promesse solennelle. Il était important pour moi de signaler par là également que l’armée luxembourgeoise forme un tout. L’armée luxembourgeoise représente aujourd’hui plus de 1.000 personnes - officiers, sous-officiers, caporaux, soldats, personnel civil, membres de la Direction de la défense confondus -, c’est pour cela aussi qu’il m’a semblé utile et bon de faire une seule cérémonie pour ces deux événements.

Je voudrais dire aux représentants du corps diplomatique et à nos invités étrangers que votre présence ici aujourd’hui nous honore. Elle démontre que tout ce qui a trait à l’armée luxembourgeoise vous tient à cœur. Je voudrais vous dire au nom de la défense luxembourgeoise, au nom de l’armée luxembourgeoise, Merci. Merci pour l’appui sur lequel nous pouvons compter de votre part, appui qui est un appui sans faille, que ce soit dans le cadre de l’Union européenne ou que ce soit dans le cadre des instances de l’OTAN. Et à l’aube de cette année 2008, année importante pour la défense tant au niveau européen qu’au niveau de l’OTAN, vous me permettrez non pas de dresser un tableau des événements qui nous attendent, mais de faire référence tout de même à certains d’entre eux.

L’année 2008 sera l’année de l’Europe de la défense. J’ai eu l’occasion de le dire lors de la cérémonie des vœux aux armées françaises le 11 janvier à Illkirch en Alsace. La Présidence française a de grandes ambitions pour l’Europe de la défense. Nous partageons ces ambitions. Nous allons y mettre toute notre énergie et tout notre engagement pour faire en sorte que véritablement, à la fin de l’année 2008, la Présidence française et l’Union européenne puissent dire: Mission accomplie. Nous voyons l’Europe de la défense comme une initiative complémentaire à l’OTAN: l’une n’exclut pas l’autre, l’une complète l’autre. Et parlant de l’OTAN, l’année 2008 sera celle du sommet de Bucarest, avec des décisions importantes qui nous attendent à Bucarest et que nous serons amenés à prendre à Bucarest. 2008 sera également une autre année importante en Afghanistan. L’engagement de l‘OTAN et l’engagement du Luxembourg en Afghanistan sont un engagement à long terme dans l’intérêt de la population afghane. Et puis l’année 2008 sera également et sera peut-être surtout une année cruciale au Kosovo, pour le Kosovo, une année cruciale pour l’OTAN au Kosovo, une année cruciale pour la mission de l’Union européenne qui s’apprête à être déployée là bas dans les semaines à venir, mission civile qui vient compléter le dispositif militaire de l‘OTAN.

Léif Invitéën alleguer, mat Ärer Präsenz haut hei alt erëm, géif ech gär soen, weist Dir Är Verbonnenheet zur lëtzebuerger Arméi. Déi Verbonnenheet zur lëtzebuerger Arméi ass wichteg fir de politesche Responsabelen deen ech sinn, se ass awer och wichteg fir jiddwer eenzelnen aus der Arméi. Mat Ärer Präsenz hei a mat där Verbonnenheet, déi Dir doduerch zum Ausdrock bréngt, weist Dir, datt d’Arméi Iech um Häerz läit, weist Dir, datt d’Arméi matsen an der lëtzebuerger Gesellschaft steet. An och ee Merci geet un all déi déi gehollef hunn an deene leschten zwee Joer déi Reform vun der Arméi op de Wee ze bréngen. An och déi déi dorunner geschafft hunn an deene Jore virdrun, well et ass jo net een Exercice, dee vun engem Dag op deen aneren oder vun engem Joer op dat anert konnt ofgeschloss sinn. Et war ee langwieregen Exercice. Iech alleguerten, déi domatter gehollef hunn an deem Zesummenhang ee grousse Merci. Ech kann Iech op jiddwer Fall versécheren, datt de Message an der Arméi ukomm ass, dee positive Message dee vun der Chamber ausgaangen ass am Dezember vum leschte Joer. D’Arméi versteet dee Message als eng Würdegung vun där Aarbecht déi se an deene leschte Jore gemaach huet an och als een Encouragement fir déi Aarbecht déi op se zoukënnt an deenen nächste Joren.

Mir hunn haut hei och eng duebel Remise de commandement mat där mir elo wäerten ufänken. De Colonel Gaston Reinig gëtt neie Chef d’état major vun der Arméi. Heen huet all Kompetenzen an all Erfahrung fir dës Aufgab ze erfëllen. Heen huet och déi néideg mënschlech Qualitéite fir déi Aufgab ze erfëllen. Et gëtt dat eng richteg Erausfuerderung fir heen a seng Leit, virum Hannergrond vun der Reform. De Colonel Reinig huet mäi vollt a mäi ganzt Vertrauen.

Him zur Säit steet an Zukunft um Häerebierg de Lieutnant-colonel Romain Mancinelli. Déi Posten, déi de Colonel Mancinelli an der Vergaangenheet bekleet huet, maachen datt hee weess wat vun eis dobaussen verlaangt gëtt. Hee weess wat konkret ze maachen ass, fir datt mer eisen Engagementer och Dag fir Dag kënnen nokommen. Hee weess wéi een eis Zaldoten uerdentlech op d’Missioune virbereet. Ech zielen op heen. Neie chef d’Etat major adjoint gëtt de Lieutnant-colonel Alain Duschène, och op heen zielen ech an deenen nächste Joren.

An dann erlaabt Dir mir der haut awer och zwee ze ernimmen, déi décidéiert hunn an den altersbedéngte Rouestand ze goen, och wa se eigentlech nach an der Bléi vum Liewe stinn. Ech wollt dem Colonel Guth an dem Colonel Luca vun dëser Säit aus merci soe fir déi gutt Réit mat deene si mir ëmmer zur Säit stoungen. Mat Iech zwee verloossen zwee Grousser d’lëtzebuerger Arméi, dat sollt Dir wëssen.

Léif Elteren, léif Recruen, ee wichtege Moment ass dee vun der Promesse solennelle. Dir gehéiert elo voll a ganz zu der grousser Famill vun der lëtzebuerger Arméi. Dir sidd, dat hunn ech ville vun Äre Virgänger och scho gesot, d’Ambassadeure vu Lëtzebuerg dobaussen. Et gëtt op Iech gekuckt, et gëtt verfollegt wat Dir maacht a mir zielen op Iech an ech kann Iech versécheren, datt esouwuel de politesche Responsabelen deen ech sinn, wéi d’ganz Arméi alles wäert maachen, fir datt Dir Är Missioune kënnt an deene beschtméigleche Konditiounen ofwéckelen. Dir hutt Iech décidéiert fir d’lëtzebuerger Arméi, ech brauch Iech net ze soen, datt dat dee gudden an dee richtege Choix wor. Mir zielen op Iech an deenen nächste Joren a Méint. An am Kader vun der Reform war et eis jo och wichteg fir déi zweet Missioun, déi zweet Fonctioun déi d’Arméi hei zu Lëtzebuerg huet héich ze halen, an och do d’Saachen nach besser ze maache wéi an der Vergaangenheet. Ech schwätze vun der sozialer Fonctioun vun der Arméi. Et ass mir all Dag erëm op en Neits een Uleies, datt all Zaldot deen op den Häerebierg kënnt besser forméiert gëtt fir d’Zivilliewen duerno oder fir d’Liewen an der Arméi an an der Police, datt se besser forméiert ginn, datt se eppes léieren an der Arméi och fir d’Beruffsliewen duerno. Huelt déi Chance, et ass wichteg, datt Dir nieft Äre militäreschen Aufgaben och dovunner profitéiert.

Fir Iech wéi, géif ech bal gär mengen, wéi fir all déi aner an der lëtzebuerger Arméi, ass net esouvill d’Fro wat kann dann d’Arméi fir mech maachen, mä vill méi Fro, wat kann ech fir d’Arméi maachen. Ech paraphraséieren domatter ee berühmte Saz vun engem berühmte Mann, fro dech net wat d’Arméi ka fir dech maachen, mä fro dech wat’s du kanns fir d’Arméi maachen. Dat gëlt fir jiddwereen. Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour