Jean-Louis Schiltz, Transcription du discours au sujet de la réforme des forces armées, Centre militaire Grand-Duc Jean

Dir Damen an Dir Hären Deputéiert,

Här Kommandant vum Centre militaire,

Dir Damen an Dir Hären Offizéier, Ënneroffizéier, Kaporäl, Zaldoten, léif Recruten, léif Familljen,

Ech si besonnesch frou haut, datt esou vill Deputéiert de Wee hei op Dikkrech fonnt hunn op déi Promesse solennelle. Dir weist domat d’Verbonnenheet vun der lëtzebuerger Chamber zur lëtzebuerger Arméi, an ech wollt Iech dofir Merci soen.

Ech sinn och speziell frou, datt d’Familljen haut hei dobäi sinn, well Dir hutt all déi jonk Recrutë begleed an deene läschte Méint, wou si sech op dat virbereet hunn, op deen Dag vun haut, an op déi Aufgaben déi si duerno kréien. Ech wëll Iech och soen, vläicht e bëssen an hirem Numm, datt si dat ouni Iech och net fäerdeg bruecht hätten, an dofir och e Merci un Iech fir déi Begleedung.

Meng Félicitatioune ginn un déi jonk Recruten, un deen Engagement dee si bis elo gewisen hunn, un deen Engagement dee si wäerte weisen an deenen nächste Méint a Joeren. Dir hutt dat mat Energie gemaach, Dir hutt dat wat Dir kënnt agesat, entwéckelt, développéiert, Är Kompetenzen un den Dag geluecht, a mat Succès haut den Eed ofgeluecht.

Dir stitt als Membere vun der lëtzebuerger Arméi am Déngscht vum lëtzebuerger Land. Dir sitt och e bëssen d’Ambassadeure vu Lëtzebuerg am Ausland. Ech wëll Iech vill Succès wënschen mat deene Missiounen, deenen Aufgaben déi op Iech duerkommen, an ech sinn iwwerzeegt, datt Dir déi, grad esou wéi Dir dat, wat Dir bis elo geleescht hutt, gutt wäert meeschteren.

Haut ass och e bëssen e symbolesche Moment, well et ass déi 150. Kéier, wou et zu esou enger Promesse solennelle kënnt, a wéini, wann net déi 150. Kéier, profitéiert de Minister dovunner fir e bëssen de Point ze maachen wat d’Reorganisatioun vun der lëtzebuerger Arméi ubelaangt.

Mir wëssen alleguer, an de Colonel Reinig huet et ënnermauert, datt d’Arméi kee Selbstzweck ass. D’Arméi ass haut méi wéi jee en Deel vun der lëtzebuerger Aussepolitik, d’Arméi an hir Aktivitéite sinn an engem politeschen Ëmfeld agebett.

De Colonel Reinig huet och schonn doropper higewisen : dat wat am Kosovo geschitt betrëfft eis direkt. De Kongo ass, fir e franséischt Wuert ze brauchen, eigentlech la Porte à côté. Och dat wat am Afghanistan geschitt kann eis net egal sinn. Lëtzebuerg ass do gefuerdert wéi déi aner Membere vun der internationaler Communautéit, sief et am Kader vun der Europäescher Unioun, sief et am Kader vun der Nato, do säi Bäitrag ze leeschten. Och wann et mat absoluten Zuelen e modeste Bäitrag ass, ass et dach e Bäitrag, deen eise Méiglechkeeten, eise Kapazitéiten an eiser Taille adaptéiert ass.

Et ass een Deel vun deem, wat mir am Ausland zum Ausdrock bréngen, nämlech déi international Solidaritéit. Mir kënnen dat net alleng maachen, mir maachen et mat aneren zesummen, mir maachen et, wéi ech gesot hunn, am Kader vun der Europäescher Unioun, am Kader vun der Nato, mä mir maachen et méi spezifesch zesumme mat eise belschen an eise franséische Kollegen. Eppes kënne mir net maachen, dat ass einfach soen, déi aner maachen et an dat interesséiert eis net. Dat ass keng Optioun, an dofir sinn ech och frou, datt mir et an deene läschte Joere fäerdeg bruecht hunn - a mir wäerten dat och an Zukunft fäerdeg bréngen - am Verbund mat eise belschen a franséische Partner, déi Missiounen ofzewéckelen.

Mat der Reorganisatioun vun der lëtzebuerger Arméi verfollege mir zwee Objektiver. Mir wëllen, dat ass dat éischt Objektiv, eng mëttel- a laangfriisteg Planungssécherheet. Mir kënnen eisen internationalen Engagementer net méi nokomme wa mir wéi bis haut, all Kéier wa mir eng Rotatioun hunn, hei um Bierg musse kucken, wien dann an d’Missioun geet. Dofir wäerte mir an Zukunft, wann dat neit Gesetz dann a Kraaft ass - dat betrëfft elo net déi Promotioun hei, mä dat wäert déi nächst Promotiounen betreffen - wäerte mir de Volontariat moduléieren, fir datt mir déi mëttel- a laangfristeg Planungssécherheet kréien.

Dat zweet Objektiv wat mir hunn, dat sinn déi Formatiounsméiglechkeeten, déi de Colonel Reinig och virdrun ugeschwat huet, déi bestinn, an déi ech drëm biede wouer ze huelen, datt mir déi probéieren ze verbesseren. Et muss esou sinn, datt jiddwereen, deen hei iwwer de Bierg gaangen ass, wann ech emol esou ka soen, besser forméiert vum Bierg erof geet wéi hien op de Bierg erop komm ass. Dat si mir eise jonke Recrutë schëlleg. Et geet drëm si op déi bescht méiglech Manéier op déi Aarbechten, an déi Joben déi op si waarden, beim Staat an am Privatsecteur virzebereeden, an do och nei Méiglechkeeten opzedinn.

Et geet drëm, déi zwee Objektiver, mëttel- a laangfristeg Planungssécherheet an eng besser a méi wäit gefächert Formatioun zesummen ze bréngen. D’Method vum Joer 2006, déi mir do gebraucht hu war déi vun der Concertatioun. Mir hunn eis concertéiert mam État Major, mir hunn eis concertéiert mam Kommandant vum Centre militaire a senge Leit, mir hunn eis concertéiert mat de Vertrieder vun den Offizéier, mir hunn eis concertéiert mat de Vertrieder vun den Ënneroffizéier. Ech hunn am Dezember déi grouss Parametere vun der Reform am Regierungsrot duergestallt, deen déi och guttgeheescht huet. Ech hunn dat Selwecht e Méindeg de Moien an der Chambercommissioun gemaach, an ech denken, datt ech haut ka soen, datt d’Chambercommissioun och mat op dee Wee wëll goen, dee mir virgezeechent hunn.

Selbstverständlech bleift nach Aarbecht ze maachen. Mäi feste Wëllen ass et, am Mäerz oder Abrëll de Regierungsrot mat engem Gesetzestext ze befaassen, an deen dann op den Instanzewee ze schécken.

Dir erlaabt mir, op véier vun deenen essentielle Parametere vun där Reorganisatioun kuerz anzegoen, woubäi ech wëll bemierken, iert ech dat maachen, datt déi legitime Uleiëssen vun den Offizéier an den Ënneroffizéier mir och um Häerz leien an datt mir eis och dorëm wäerte bekëmmeren. Wéi gesot, véier Parameteren, déi déi nei Organisatioun vun der Arméi ausmaachen.

Den éischte Parameter ass deen, datt mir fir eisen internationalen Obligatioune gerecht ze ginn, de Volontariat moduléieren. Mir wäerten dofir an Zukunft um Schluss vun der Instruction de base, unités de disponibilité opérationnelle constituéieren. Dat sinn déi Unitéiten, an déi Zaldoten déi an deenen Unitéite sinn, déi d’Auslandsmissioune wouer huelen. Wéi soll dat geschéien?

Et gëtt eng Sélectioun gemaach no der Instruction de base vun den Zaldoten, Sélectioun déi vum Chef d’État-Major dem Minister proposéiert gëtt, déi de Resultater vun der Instruction de base Rechnung dréit, a selbstverständlech och medezinesche Considératiounen.

Ee jonke Recrut deen op déi Manéier sélectionéiert ginn ass, ka seng Integratioun an déi Unitéit déclinéieren. Dat heescht, hien huet d’Méiglechkeet Neen ze soen. An deem Fall erfëllt hien am Kader vun der Arméi hei zu Lëtzebuerg aner Missiounen, Missioune logistescher Natur zum Beispill. Ech wëll awer drop hiweisen, datt et e Ganzt ass. Et kann een net e Stréch zéien tëschent deenen, déi Auslandmissioune maachen an deenen, déi hei sinn. Well déi déi am Ausland sinn, déi brauche jo och déi logistesch Organisatioun, déi mir hei hunn. Mä een deen net wëll op eng Auslandsmissioun goen, deen net wëll an eng Unité de disponibilité opérationnelle goen, kann, wann en da sélectionéiert ginn ass, déclinéieren, an an deem Fall wäert hien wéi gesot, hei eng Rei Missiounen erfëllen.

Déi, déi op den Terrain ginn, sinn déi, déi Member vun den Unité de disponibilité opérationnelle sinn. Et ass selbstverständlech och esou, datt déi Jongen a Meedercher déi Member vun deenen Unitéite sinn, déi um Terrain déployéiert ginn dat och finanziell unerkannt kréien wäerten a From vun enger Prim.

Ech hu virdru geschwat vun der Planungssécherheet. Fir datt mir déi kréien, fir datt mir déi hunn, awer och, fir datt mir déi Leit, déi mir a Missioune schécken, uerdentlech kënne virbereeden, wäert den initialen Engagement vun all Volontaire an Zukunft op 36 Méint fixéiert ginn. Dat gëlt fir déi, déi an den Unités de disponibilité opérationnelle sinn, mä awer och fir déi aner 36 Méint initialen Engagement. Dat ass den éischte Parameter, d’Modulatioun vum Volontariat, fir eisen internationalen Obligatioune kënne gerecht ze ginn, fir datt d’Arméi kann eigentlech fonctionéieren.

Dat zweet Element. D’Zaldote mussen sech och kënne uerdentlech virbereeden. Duefir wäerte mir dëst Joer d’Renovatiounsaarbechten hei um Härebierg sérieux an Ugrëff huelen. Mir wäerten ufänken, ech hunn do en Accord mam Bauteminister, mat de Basisinfrastrukturen, Waasser, Gas, Elektresch. Mir hunn zesumme mam État Major a mam Kommandant vum Centre militaire, mat de Leit aus dem Bauteministère e ganze Programm ausgeschafft, a mir wäerten deen, soubal déi Basisinfrastrukturen iwwerholl gi sinn, dann och ofwéckelen. Ech wollt der Arméi ausdrécklech Merci soe fir déi Efforten déi si och an deem Punkt, wéi och an aneren d’ailleurs, gemaach huet.

Drëttens musse mir eis Jongen a Meedercher, déi mir a Missioune schécken, uerdentlech équipéieren. Duefir ass et Zäit, fir datt d’lëtzebuerger Arméi e Programme d’acquisition op den Instanzewee schéckt. Ech wëll net an d’Detailer eragoen. Déi Haaptkomponent ass bekannt, well d’Regierung am Summer prinzipiell décidéiert huet fir op de Wee ze goen, fir 48 nei blindéiert Véhiculen ze kafen. D’Prozedur ass do am gaangen. Ech wäert selbstverstänlech do le moment venu och d’Chamber domat befaassen, soubal mir méi kloer gesi wat déi verschidde Parameter, Komponenten an Detailer ubelaangt. Et läit mir um Häerz, datt all déi, déi an d’Missioun ginn, sief et Volontaire, sief et Karporäl, sief et Ënneroffizéier, sief et Offizéier, uerdentlech équipéiert sinn, datt si och hire Missioune kënnen, esou wéi mir dat gären hätten, nokommen.

De véierte Punkt ass dee vun der Formatioun an dee läit mir besonnesch um Häerz. An Zukunft wäert et esou sinn, datt no deenen 36 Méint vun deenen ech virdru geschwat hunn, wou d’Zaldote militäreschen Aufgaben noginn, si 12 Méint laang wäerten an d’Schoul oder an d’Formatioun goen. Dat heescht, d’Formatiounsperiod, d’Schoulperiod gëtt erëm obligatoresch während 12 Méint.

Ech menge wierklech datt mir deene jonke Volontairen dat schëlleg sinn, datt se besser forméiert aus der Arméi erausginn, besser preparéiert op d’Zivilliewen aus der Arméi eausgi wéi se erakommen. Duefir wëlle mir wéi gesot erëm eng obligatoresch Formatiounsperiod, Schoulperiod vun 12 Méint aféieren.

Mä mir wëllen awer och eis méi Méiglechkeete ginn, d’Panopli vun de Méiglechkeeten, d’Offer déi déi Jonk hu wat déi verschidden Joben ubelaangt, méi wäit fächeren. Ech kéint mir zum Beispill virstellen, mä dat musse mir nach mat der Éducatiounsministesch, mat där mir eng éischt Concertatiounsronn dës Woch haten, am Detail diskutéieren, datt mir hei um Bierg zum Beispill géife Logistiker forméieren, wat jo eppes ass, wat an der Économie dobausse gefrot gëtt.

Et geet drëm fir méi Méiglechkeeten ze hunn, et geet drëm datt jiddweree besser forméiert aus der Arméi erausgeet, wéi en erakënnt. Ech denken, dat gehéiert intrinsèquement zur lëtzebuerger Arméi, grad wéi mir eis d’Moyene musse ginn, fir eis Auslandsmissiounen ze erfëllen, musse mir eis d’Moyene gi fir eis jonk Leit ze forméieren. Meng Iwwerzeegung ass, datt mir hinnen dat schëlleg sinn.

Ech hu schonn e puer mol gesot, datt d’Arméi e staarkt Stéck Lëtzebuerg ass. Et ass meng fest Iwwerzeegung, datt mat där Reorganisatioun hei, déi mir wéi gesot mat aller Energie an allem Engagement wëllen dëst Joer op den Instanzewee schécken an och zum Ofschloss bréngen, datt mir, wa mir déi fäerdeg hunn, nach muer, méi wéi haut a méi wéi gëscht, kënne soen, datt d’Arméi e staarkt Stéck Lëtzebuerg ass. Vive d’lëtzebuerger Arméi.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour