Livestream: De François Bausch an de Generol Steve Thull presentéieren d'Campagne vun de gratis Antigène-Tester fir Salariéen déi hir éischt Impfdosis kruten

Mam Akraafttriede vum Gesetzesprojet 7924, gëtt den 3G ab dem 15. Januar 2022 op der Aarbechtsplaz obligatoresch. Dës Moossnam soll am Kampf géint d'COVID-19-Pandemie zu engem méi sécheren Aarbechtsëmfeld bäidroen. An dësem Kontext muss all Salarié op senger Aarbechtsplaz entweder e gültegen Impf-Certificat oder Geheelt-Certificat, oder e negative COVID-19-Test-Certificat virweisen.

Déi Salariéen déi hir éischt Impfdosis kruten, kënnen sech tëscht dem 14. Januar an dem 28. Februar 2022 gratis teste loossen, bis se hir zweet Impfdosis kréien. Dës gratis zertifiéiert Antigène-Schnelltester kënnen an insgesamt 5 Testzenteren duerchgefouert ginn, déi vun der Lëtzebuerger Arméi geréiert ginn.

De Vizepremierminister, Verdeedegungsminister François Bausch, an de Chef vum Etat-Major vun der Arméi, de Generol Steve Thull, presentéieren d'Detailer vun dëser Test-Campagne am Kader vun enger Pressekonferenz.

De Livestream fänkt géint 11 Auer un.

De Livestream mat franséischer Iwwersetzung fannt Dir hei.

 

Aktualiséiert