Gratis Antigène-Tester fir Salariéen déi hir éischt Impfdosis kruten

Mam Vote vum Gesetzesprojet 7924 an der Chamber, trieden déi nei sanitär Mesure vun der Regierung a Kraaft, woumat den 3G-System ab dem 15. Januar 2022 op der Aarbechtsplaz obligatoresch gëtt. Am Kontext vun der COVID-19-Pandemie, soll dëst zu engem méi sécheren Aarbechtsëmfeld bäidroen. Dat bréngt mat sech, dass all Salarié op senger Aarbechtsplaz entweder ee gültegen Impf-Certificat, Geheelt-Certificat oder e negative COVID-19-Test-Certificat virweise muss.

Salariéen, déi hir éischt Impfdosis kruten, kënne sech ab dem 14. Januar 2022 gratis teste loossen, bis se hir 2. Impfdosis kréien. An dësem Kontext kréien déi betraffe Persounen zanter dem Donneschdeg, 16. Dezember 2021, bei hirem éischten Impf-Rendez-vous eng Serie vun 20 Coden. Mat dëse Codë kënne si 20 gratis certifiéiert Antigène-Schnelltester an engem vun de 5 Test-Zentere maachen, déi vun der Lëtzebuerger Arméi geréiert ginn. Bis den 28. Februar hunn déi betraffe Persounen esou d'Méiglechkeet sech bis zu hirem kompletten Impf-Schema testen ze loossen. De Site www.covidtesting.lu fir Rendez-vous ze huelen ass ab dem 10. Januar 2022 verfügbar. 

De Vizepremierminister, Verdeedegungsminister, François Bausch, an de Chef d'État-Major vun der Arméi, Steve Thull, presentéieren d'Detailer vun dëser Test-Campagne bei enger Pressekonferenz de 5. Januar um 11:00 Auer. D'Konferenz gëtt mat Simultaniwwersetzung op franséisch live um Site vun der Regierung iwwerdroen.

Communiqué vun der Direktioun fir Verdeedegung

Aktualiséiert