Regierungsëmbildung betreffend d'Kompetenze vun der Verdeedegung an der bannenzeger Sécherheet

Op Virschlag vum Premierminister huet H.K.A. de Grand-Duc eng Reorganisatioun vun de ministerielle Kompetenze virgeholl.

©MSI
(de g. à dr.) François Bausch, Vice-Premier ministre, ministre de la Défense, ministre de la Mobilité et des Travaux publics ; Henri Kox, ministre du Logement, ministre de la Sécurité intérieure

Déi ministeriell Kompetenze vun der Verdeedegung an der bannenzeger Sécherheet gi follgendermoossen opgedeelt: de François Bausch, Vizepremierminister, behält seng Zoustännegkeet fir d'Mobilitéit an d'ëffentlech Aarbechten an déi vun der Verdeedegung, an den Henri Kox iwwerhëlt elo ganz de Ressort bannenzeg Sécherheet, nieft dem Wunnengsbau.

Déi zwee Ministere féieren deemno hir respektiv Ministèren elo vollstänneg; et gëtt keen delegéierte Minister méi.

Dës Ëmbildung erlaabt et deenen zwee Ministeren eng besser Opdeelung vun de Kompetenzen an eng verstäerkte Konzentratioun op hir respektiv Beräicher.

De François Bausch huet säi Mandat als Minister fir bannenzeg Sécherheet mat vill Freed ausgeüübt. Hie seet der ganzer Ekipp vum Ministère Merci, an och dem ganze Corps vun der Police Lëtzebuerg an der Generalinspektioun vun der Police, fir hiren Asaz an Engagement.

Fir den Henri Kox huet de Fait, datt hien d'Funktioun vum delegéierte Minister fir bannenzeg Sécherheet zanter dem 11. Oktober 2019 ausgeüübt huet, et him erméiglecht, sech mat deene verschiddenen Dimensioune vun der Gestioun vun der Police an der Generalinspektioun vun der Police vertraut ze maachen. Den Henri Kox sot, hie wier entschloss fir déi aktuell Dossiere weiderzedreiwen, besonnesch de massive Rekrutement bei der Police, d'Modernisatioun vun de Police-Infrastrukturen an d'Ëmsetze vun der Refonte vun de Police-Fichieren, déi scho vum François Bausch preparéiert gouf.

En Avant-projet de loi soll dozou dem Regierungsrot am September virgeluecht ginn.

 

Communiqué vun der Direktioun fir Verdeedegung an dem Ministère fir bannenzeg Sécherheet

 

Aktualiséiert