Depart vun der technescher Ekipp vun der NSPA

Op Nofro vu Lëtzebuerg fir eng Opnamstruktur fir Patienten niewent dem Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) z'installéieren, huet d'NSPA (NATO Support and Procurement Agency), e Service vun der NATO deen zu Capellen etabléiert ass, séier reagéiert, andeems si Personal an Ausrüstung sur place zur Verfügung gestallt huet.  

  1. ©EMA

    De Peter Dohmen vun der NSPA, de François Bausch, Vizepremierminister, Verdeedegungsminister, an de Gilles Feith, coordinateur général vun der Verdeedegung
  2. ©EMA

    D'Ekipp vun der NSPA
  3. ©EMA

    Gruppefoto

 

Déi Struktur ass säit leschtem Donneschdeg operationell De Moien huet de Vize- a Verdeedegungsminister François Bausch dem Personal vun der NSPA Merci gesot a seng Unerkennung zum Ausdrock bruecht an dat fir hir Reaktiounsfäegkeet an hiren Engagement, ier si zeréck zu hirem Standuert gefuer sinn.

Communiqué vum État major vun der Arméi

Aktualiséiert