Arméi: Réckbléck op d'Joer 2019

Den traditionellen "Hellegowend" vun der Arméi huet a Presenz vum Verdeedegungsminister François Bausch an dem Delegéierte Minister fir Verdeedegung Henri Kox, souwéi zuelräich Membere vun der Arméi, Zaldoten a Zivilpersoune am Militärzentrum zu Dikrech stattfonnt.

  1. ©EMA

    De Verdeedegungsminister, François Bausch, an den Delegéierte Minister fir Verdeedegung Henri Kox, waren ënnert de Gäscht
  2. ©EMA

    Usprooch vum Generol Alain Duschène, Chef vum Etat-Major vun der Arméi
  3. ©EMA

    Usprooch vum Verdeedegungsminister François Bausch

 

Dësen obligaten Evenement ass eng Geleeënheet fir d'Arméi, op d'Aktivitéiten an Ereegnesser vun 2019 zeréckzeblécken.

Wärend der Präisiwwerreechungszeremonie goufen Athleten, Gewënner vun interne Competitiounen, souwéi d'Gewënner vun de Militärweltmeeschterschaften ausgezeechent. D'Arméi huet an deem Kader och een Don un dräi Associatioune gemaach: un d'Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, Kannerwonsch a.s.b.l a Wäertvoll Liewen a.s.b.l.

Communiqué vum État major vun der Arméi

Aktualiséiert