-
Depart vun der technescher Ekipp vun der NSPA
Op Nofro vu Lëtzebuerg fir eng Opnamstruktur fir Patienten niewent dem Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) z'installéieren, huet d'NSPA (NATO Support and Procurement Agency), e Service vun der NATO deen zu Capellen etabléiert ass, séier reagéiert, andeems si Personal an Ausrüstung sur place zur Verfügung gestallt huet.
-
Installatioun vun enger Opnamstruktur fir Patienten niewent dem Centre hospitalier de Luxembourg (CHL)
Am Hibléck vum Kampf géint de Coronavirus (COVID-19), gëtt eng Opnamstruktur fir Patienten niewent dem Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) an de nächsten Deeg opgeriicht, dëst mat der Ënnerstëtzung vun der NSPA (NATO Support and Procurement Agency), déi d'Material geliwwert huet.