-
Depart vun der technescher Ekipp vun der NSPA
Op Nofro vu Lëtzebuerg fir eng Opnamstruktur fir Patienten niewent dem Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) z'installéieren, huet d'NSPA (NATO Support and Procurement Agency), e Service vun der NATO deen zu Capellen etabléiert ass, séier reagéiert, andeems si Personal an Ausrüstung sur place zur Verfügung gestallt huet.
-
Visitt vum President vum NATO-Militärkommitee am Centre militaire
Den 28. Januar 2020 huet de President vum NATO-Militärkommitee a Generol vun der Loftwaff, de Sir Stuart Peach, de Centre militaire zu Dikrech am Kader vun enger Aarbechtsvisitt besicht.
-
Arméi: Réckbléck op d'Joer 2019
Déi traditionell "Hellegowend" Feier vun der Arméi huet a Presenz vum Verdeedegungsminister François Bausch an dem Delegéierte Minister fir Verdeedegung Henri Kox, souwéi zuelräich Membere vun der Arméi, Zaldoten a Zivilpersounen am Militärzentrum zu Dikrech stattfonnt.
-
Nationale Commemoratiounsdag
Den Nationale Commemoratiounsdag honoréiert d'Solidaritéit an de Courage vum Lëtzebuerger Vollek wärend der Occupatioun vun 1940 bis 1945. Aus dësem Ulass waren etlech Zeremonien de 7. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg virgesinn.